#112 Dee mam Atelier sengen 2000er
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtz…
58 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken
kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob
d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech
Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner
Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen
ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg
Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am
éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen
Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer,
Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et
geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools.
Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a
Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher
NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your
eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a
Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout
Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller
kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert,
wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng
Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive
Fritten a Burger!

Weitere Episoden
1 Stunde 5 Minuten
vor 1 Woche
1 Stunde 18 Minuten
vor 3 Wochen
56 Minuten
vor 1 Monat
1 Stunde 22 Minuten
vor 1 Monat
1 Stunde 21 Minuten
vor 2 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)