Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng)
42 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Kontaktéiert eis
Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen
am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun
der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz
voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am
Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.
Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng
Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng
Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u
berüümt Käldaller, déi vun eis gaange sinn, um Liewen hale kéint.
Eise Gaascht, de Carlo Hamling, ass déif mat senger
Heemechtsgemeng verwuerzelt. Hien interesséiert sech zënter
senger Jugend fir d'Geschicht vu sengem Dall a kennt dës wéi kaum
een Aneren. Seng Leidenschaft ass ustiechend an hien deelt säi
Wëssen och gäre mat aneren, ënnert anerem bei Ateliere fir
Schoulkanner aus der ganzer Regioun.
De Carlo ass och begeeschterte Sammler vun historeschen Objeten,
déi hien deels och dem neie Musée Ferrum zu Téiteng, enger Annex
vun der Schungfabrik, zur Verfügung gestallt huet, fir datt se
engem breede Public zougänglech sinn.
Kommt mat op eng Rees duerch iwwer 5500 Joer Gesicht vun enger
vun de méi klenge Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
51 Minuten
vor 3 Wochen
45 Minuten
vor 1 Monat
47 Minuten
vor 2 Monaten
48 Minuten
vor 3 Monaten
51 Minuten
vor 4 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)