Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras)
39 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Kontaktéiert eis
No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO
Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache
Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum
meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der
Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park
Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten
Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der
Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun
Eisebunnsromantiker méi séier schloen.
Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee sech
fir den Erhalt vun dësen historesche Maschinnen asetzt sinn eise
Sujet vum Mount August.
Eise Gaascht: Charel Kugeler
Eisen Invité vun dësem Mount ass nach Schüler am Lycée
Nic Biever zu Diddeleng an zënter e puer Joer passionéierte
Member vun der Train1900-Ekipp. Eise Gespréichspartner koum
duerch e Bekannten, deen hien eng Kéier mat an de Fond-de-Gras
geholl hat, bei d’Dampmaschinnen, déi hei restauréiert a gefuer
ginn.
Obwuel de Charel bis dohinner wéineg Kontakt mat Hydraulik,
Dampkesselen oder Kuelen hat, sinn déi al Maschinne séier zu
senger Leidenschaft ginn. Haut ass de Charel mat Häerz a Séil fir
als Benevole beim Train1900 engagéiert a verbréngt, net seelen,
de gréissten Deel vu senge Weekender am enken Dall tëscht Rodange
an Nidderkuer.
Wéi seng Klassekomeroden säin Engagement gesinn, wéi eng
Verantwortung een als Maschinist oder Zuchbegleeder beim
Train1900 huet a wat nach bis zum Enn vun der Saison am
Fond-de-Gras gebuede gëtt, dat si Sujeten an eisem Gespréich vun
dësem Episode vum Minett Mash-Up.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
45 Minuten
vor 4 Wochen
47 Minuten
vor 1 Monat
48 Minuten
vor 2 Monaten
51 Minuten
vor 3 Monaten
49 Minuten
vor 4 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)