Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng
48 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Kontaktéiert eis
Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet
eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der
Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net
méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden
huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der
Schmelz ze schwätzen.
Eise Gaascht: Michel Dadario
De Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu
Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher
Karriär Carrière ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus
der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch
eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.
De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass
thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch
verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris
vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise
Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech
och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer
och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz
verzielt.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
45 Minuten
vor 4 Wochen
47 Minuten
vor 1 Monat
48 Minuten
vor 2 Monaten
51 Minuten
vor 3 Monaten
49 Minuten
vor 4 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)