Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage
44 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Kontaktéiert eis
Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer
ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der
offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi
11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis
an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an
nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene
Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder
méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn.
Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu
Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut
Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail
z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an
enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher
leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner
aus der Minett UNESCO Biosphere.
Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat
studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an
d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng
éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op
d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him
iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an
d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
45 Minuten
vor 4 Wochen
47 Minuten
vor 1 Monat
48 Minuten
vor 2 Monaten
51 Minuten
vor 3 Monaten
49 Minuten
vor 4 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)