Episod 9: Teena Lange X Gonnerhaus (Rumelange)
41 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Jahr
Kontaktéiert eis
Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op
Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des
Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a
schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de
Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer
den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a
Stolregioun.
Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der
südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d'Directrice
artistique vum Projet Spektrum Teena Lange als Gaascht.
D'Teena ass eréischt zanter dem leschte Joer zu Lëtzebuerg. Déi
däitsch Performancekënschtlerin, déi Theater a Performance zu
Leipzig, Paräis a Berlin studéiert huet, huet zu Berlin gewunnt
an huet nach laang net all d’Brécken an hir al Heemecht
ofgerappt. Fir ronn 10 Joer war si am Projet "Grüntaler 9"
engagéiert, dat ass eng Plaz zu Berlin fir d'Performance Konscht
ze promoten.
Nieft hirer Aarbecht als Curatrice zu Berlin huet d'Teena och als
Kënschtlerin oder Curatrice zu Istanbul, New York, London,
Jerusalem a Bréissel geschafft, fir just e puer Beispiller ze
nennen. Zënter dem leschte Fréijoer dirigéiert hatt, zesumme mam
Sebastian Häger, de Projet Spektrum zu Rëmeleng.
Spektrum, ass e Projet am Haus vum berüümte Rëmelenger Sculpteur
Albert Hames. Et ass en Treffpunkt, deen als Esch2022 Projet
entstanen ass, deen sech op immersiv, experimentell a
prozessbaséiert kulturell a artistesch Praktike konzentréiert,
souwéi kreativen Tourismus. Seng immersiv, strukturell a
programmatesch Approche verbënnt interdisziplinär Perspektiven op
d'Zukunft, d‘Géigewaart an d‘Vergaangenheet, souwéi Leit, Konscht
an de kulturelle Patrimoine.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up
Podcasts fannt dir op:
www.minett-biosphere.com/projects/mmu/
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
45 Minuten
vor 4 Wochen
47 Minuten
vor 1 Monat
48 Minuten
vor 2 Monaten
51 Minuten
vor 3 Monaten
49 Minuten
vor 4 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)