Episod 8: Sergio Carvalho & Pol Zimmermann X Heure Bleue Ellergronn

Episod 8: Sergio Carvalho & Pol Zimmermann X Heure Bleue Ellergronn

55 Minuten

Beschreibung

vor 2 Jahren

Kontaktéiert eis


Fir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle
Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun
der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just
eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en
Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.


Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun
vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem
Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.


De Sergio Carvalho war dann och ee vun eisen zwee Gäscht an dësem
Episod. De Preposé vum Naturschutzzentrum Ellergronn, Pol
Zimmermann, deen d’Minett Mash-Up Equipe an d’Gäscht, déi beim
Enregistrement vun dësem Podcast dobäi waren, duerno och nach mat
op en Trëppeltour vum Ellergronn op Rëmeleng geholl hat, war den
zweete Gaascht.


D’Sujeten, iwwert déi geschwat goufen, ware villfälteg. Et goung
riets iwwert d’Beruffer vum Architekt a vum Fierschter, et ass
iwwert d‘“Heure Bleue“ als Projet an als spezielle Moment tëscht
Dag an Nuecht geschwat ginn an och d’Spezifizitéite vum Site
Ellergronn waren e Sujet am Gespréich, wat um Sonndeg, 17. Juli,
am fréie Moien op der Bün vun der „Heure Bleue“ opgeholl ginn
ass.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: