Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange

Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange

47 Minuten

Beschreibung

vor 6 Monaten

Kontaktéiert eis


No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an
der Lorraine.

Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants
après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck,
wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas
Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022
opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt
vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.

Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der
Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun
de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass
d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer
zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al
Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum
Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet,
déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an
d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt.

Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs
Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn.

Eise Gaascht: Jean Larché


De Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni
zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der
Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader
huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an
Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg
zeréckgekuckt huet.

No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir
d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President
vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am
Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de
Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle
reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange
féieren.

Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach
kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“
ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de
Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem
vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn.
D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell
och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet
ginn.

All d'Linke zu de Sujeten aus dësem Episod fannt Dir hei.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: