Episod 26: Carole Lorang X Ariston

Episod 26: Carole Lorang X Ariston

49 Minuten

Beschreibung

vor 5 Monaten

Kontaktéiert eis


No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum
Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn,
hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en
Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.

Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater,
dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all
Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum
Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum
Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang
am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng
Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och
seng aktuell Saison of.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu Esch

An de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill
opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der
Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner
Denkmalschutz steet.

Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass
den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver
Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als
nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston
kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall
an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum
Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen
Inzenéierungen opféiert.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: