Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines

Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines

51 Minuten

Beschreibung

vor 1 Monat

Kontaktéiert eis


Op engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi
richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad
ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an
der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee
Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up
erausgesicht.


70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser
Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum
Musée des Mines: Raffaella Campobasso.


Eise Gaascht: Raffaella Campobasso


D‘Raffaella steet eis dës Kéier Ried an Äntwert. No hirem Studium
vun der Konschtgeschicht ass si vun Italien op Lëtzebuerg komm an
huet hir Aufgab am Domaine vun der Industriekultur an der
industrieller Geschicht fonnt. Zënter 2019 steet si un der Spëtzt
vum Minnemusée, deen 1973 seng Dieren opgemaach huet. 


Mam Raffaella Campobasso schwätze mer iwwert de Minnemusée, déi
deeglech Gestioun, d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an
den Alldag vun de Mineuren, déi an der Minière Walert geschafft
hunn. E weidere Sujet ass déi touristesch Bedeitung vum Musée,
deen zu engem vun de wichtegsten Attraktioune vum Süde gehéiert.


Eis Minett-Location vum Mount: Musée National des Mines de
Fer


An der fréierer Minière „Walert“ zu Rëmeleng fënnt een haut de
Musée des Mines. Nodeems dës Minière 1963 zougemaach gouf, huet
et 10 Joer gedauert, éier aus der Minn e Musée gouf.


Am Musée gëtt d’Entwécklung vum Biergbau zu Lëtzebuerg vun der
Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an déi zweet Hallschent vun dem 20.
Joerhonnert gewisen. Artefakten, Maschinnen an Archivdokumenter
ginn dem Visiteur, op enger ronn 2 Stonne laanger Visite guidée
en Abléck an d’Aarbecht vun de Mineuren.



De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: