Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum

Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum

48 Minuten

Beschreibung

vor 3 Monaten

Kontaktéiert eis


Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten
iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn,
consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem
an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.


Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun
der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun
enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de
Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel
am Minett ganz beléift, fir vun A op B ze kommen, an de leschte
Joerzéngten huet de Vëlo allerdéngs am deegleche Gebrauch un
Attraktivitéit verluer.


Firwat ass de Vëlo manner attraktiv gouf? Wat ee maache kann, fir
him nees méi Plaz am deegleche Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg ze
ginn? Dat si Froen, déi mir eisem Gaascht vun dësem Mount, dem
Raoul Petit gestallt hunn.


Eise Gaascht: Raoul Petit


De Raoul Petit, deem aus dem Käldall kënnt an elo zu Diddeleng
doheem ass, ass President vun der Associatioun Vëlo Diddeleng.
Hei setzt hie sech zënter fënnef Joer schonn duerfir an, datt
d’Vëlosinfrastruktur an der Gemeng verbessert gëtt. 


De Familljepapp schwätzt awer net just iwwert de Vëlo als
Transportmëttel, mä notzt en dagdeeglech. Nodeems d’Famill Petit
ee vun hiren zwee Autoe géint e Cargobike getosch huet, fiert den
Enseignant net just all Dag d’Kanner selwer mam Vëlo an d’Schoul,
mä duerno och nach op d’Schaff op Beetebuerg.


Seng Erfarungen, fir mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, si Sujet am
aktuellen Episod vum Minett Mash-Up. Vëlo Diddeleng an hir
Efforte fir d’Vëlosinfrastruktur zu Diddeleng ze verbessere sinn
e weidere Sujet dëse Mount an da schwätze mir natierlech och
iwwert d’Ausstellung „Vélocité – La vallée des champion.nne.s“,
déi nach bis Enn September am Musée Ferrum zu Téiteng ze gesinn
ass.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: