Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

47 Minuten

Beschreibung

vor 1 Tag

Kontaktéiert eis


Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich


Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte
Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en
Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der
Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol
an dësen zeréck ze goen.


Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun
der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren
ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och
op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale
Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren.


Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn Doihl


D’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930
nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn
entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn
ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau
Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September,
op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem
Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt
Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen.


Eisen Invité vum Mount: Joël Miltgen


Fir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer
Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien
huet eis fir d’Gespréich mat seng „Minn“ geholl, wou mer méi
iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass,
an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen.


Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert
an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer
och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi
historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren
d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison
2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn
deelweis kann zéien.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: