Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng
45 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 1 Monat
Kontaktéiert eis
Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad
Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem
Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem
Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi
iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze
ginn, si mer zeréck op deem Site.
Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa
VeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler
Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum Joerhonnert stëll geluecht
gouf. De VeWa ass Deel vum Site NeiSchmelz a wäert, am Kader vun
der Transformatioun vun deem fréiere Stolwierk zu engem
nohaltegen an neie Quartier vun der Stad Diddeleng, erhale
bleiwen.
De VeWa ass haut awer och eng Asbl an där eng Rei Diddelenger
Associatioune vum DKollektiv iwwert de Fotoclub bis
d’Inter-Actions regroupéiert sinn. Si alleguerten deelen sech dat
aalt Industriegebai, an deem haut eng Rei Atelieren, Säll a
kreativ Ecker hiert Doheem fonnt hunn.
Erhalen a renovéiert gouf de VeWa am Kader vu partizipativen
Atelieren, wou Biergerinnen a Bierger opgeruff waren de lokalen
Associatiounen ze hëllefen
Eise Gaascht: De Serge Ecker
De Kënschtler Serge Ecker, deen zu Käl opgewuess ass, ass Member
vum DKollektiv, deen um Site NeiSchmelz zu Diddeleng aktiv ass.
Hien ass e richtege Minettsdapp an de Minett ass och eng
Inspiratioun fir seng kënschtlerech Aarbecht. Säin Interessi un
der Exploratioun vu verloossenen an industrielle Raimlechkeeten
huet him de Wee zu enger Carrière als Kënschtler opgemaach,
obwuel hien, deen aus enger Famill vu Mineure kënnt, net
onbedéngt fir esou e Wee predestinéiert war.
De Serge Ecker ass bekannt fir seng Skulpturen aus recycléiertem
Material a säin Engagement fir ökologesch verantwortlech Konscht.
An dës Approche passt och säin Engagement beim DKollektiv, dee
sech fir de Partage vu Wëssen an d’Valorisatioun vum industrielle
Patrimoine asetzt.
Duerch verschidden Initiative probéiert de Serge urban Raim nei
ze iwwerdenken a mat ökologeschen a sozialen Themen ëmzegoen. Den
DKollektiv probéiert, och duerch de Serge Ecker a déi aner
Kënschtler, déi Member sinn, d'Plaz vun der Konscht an der
zäitgenëssescher Stad z‘iwwerdenken an esou e kulturellen Dialog
ronderëm d'Reaffektatioun vun industrielle Frichen ze féieren.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
51 Minuten
vor 3 Wochen
47 Minuten
vor 2 Monaten
48 Minuten
vor 3 Monaten
51 Minuten
vor 4 Monaten
49 Minuten
vor 5 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)