Episode 31: Trixi Weis X Kinosch
51 Minuten
Podcast
Podcaster
Beschreibung
vor 3 Wochen
Kontaktéiert eis
Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi
Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et
geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun
der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest
Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem
Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng
Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der
leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett
gefeiert gëtt: de Bärbelendag.
Déi helleg Bärbel ass d'Patréinesch vun de Mineuren, an anere
Beruffsstänn, an hiren Dag gëtt all Joer de 4. Dezember gefeiert.
An de leschte Joren erliewen d'Bärbelfeieren esouguer eng Zort
Renaissance. Virun deem Hannergrond hunn sech och den CNCI an
d'Kulturfabrik decidéiert mat engem spezielle Programm de
Bärbelendag an der Kufa ze feieren.
Dësen Owend steet am Mëttelpunkt vun eisem Gespréich mam Trixi
Weis, wat extra fir de Bärbelendag am alen Escher Schluechthaus
eng Bäsrbelstatu kreéiert huet, déi am Kader vun enger
Pressessioun de 4. Dezember duerch d'Kulturfabrik wäert gedroe
ginn.
Eise Gaascht: Trixi Weis
D'Trixi Weis, Joergang 1967, ass zënter laange Joren zu Esch
doheem. No hirem Studium an der Belsch huet d'Trixi iwwer 10 Joer
laang an der Tschechescher Republik gelieft a geschafft, éier
d'Kënschtlerin Uganks vun den 2000er Joren nees op Lëtzebuerg
komm ass.
Hei huet d'Trixi Weis sech séier en Numm gemaach mat hire
Konschtinstallatiounen an och mat hire Bünebiller. Bis ewell huet
d'Trixi iwwer 40 verschidde Bünebiller fir all d'Theateren a vill
aner Kulturhaiser am Land geschaf. Och wann d'Konscht vum Trixi
dacks ephemère ass, esou gëtt et Installatioune vun der
Kënschtlerin déi permanent sinn an déi all Mënsch hei am Land
kennt. Ee Konschtwierk ass d'City-Clock um Kierchbierg, iwwert
déi mer natierlech och mat der Kënschtlerin geschwat hunn.
Aner Sujete vun dësem Episode vun eisem Wanderpodcast sinn dem
Trixi seng Joren zu Prag an natierlech dem Trixi seng Performance
fir de Bärbelendag an der Kulturfabrik um Mëttwoch, de 4.
Dezember.
Eis “Minett-Location” vum Mount: Kinosch
D'Kulturfabrik ass e Centre Culturel, deen am ganze 4500m2 grouss
ass an an deem et nieft zwee Säll fir Concerten a
Veranstaltungen, e Bistro an e Restaurant gëtt. Et gëtt och
Proufraim an esouguer e klenge Kino: de Kinosch.
Vun 1983 bis 2016 gëtt am Kinosch eng reegelméisseg
Programmatioun gewisen an et ass nieft dem Ariston ee vun zwee
Kinoen um Gebitt vun der Stad Esch. Zënter 2016 gëtt de Kino just
nach sporadesch fir d'Projektioun vu Filmer, mä och fir aner
Evenementer genotzt.
Wou d'Kulturfabrik nach e Schluechthaus war, war de Kinosch
iwwregens déi Plaz wou d'Heizungsanlag vum Schluechthaus
ënnerbruecht war.
Méi Links zu all den aner Sujeten fannt Dir hei.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2
Followed eis op Instagram
Weitere Episoden
45 Minuten
vor 1 Monat
47 Minuten
vor 2 Monaten
48 Minuten
vor 3 Monaten
51 Minuten
vor 4 Monaten
49 Minuten
vor 5 Monaten
In Podcasts werben
Kommentare (0)