Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum

Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum

58 Minuten

Beschreibung

vor 2 Wochen

Kontaktéiert eis



Eisen, Stol an Natur

Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum
industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht
vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se
haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember
op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht
gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier
Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um
Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: Ferro Forum

Am Zentralatelier vun der fréierer Schmelz, déi den 10. Oktober
1871 mat der Produktioun vun Eisen an engem éischten Héichuewen
um Site ugefaangen hat, ass haut de Ferro Forum doheem. Nodeems
am November 2011 d’Produktioun um Site agestallt gouf an en 2016
endgülteg stëllgeluecht gouf, huet de Ferro Forum, deen 2019
gegrënnt ginn ass, hei säin Doheem fonnt.


D'Zil vum Ferro Forum ass et de kulturellen, industriellen an
handwierkleche Patrimoine, souwéi de Know-how ronderëm
d'Produktioun vu Stol an Eisen, z‘erhalen a virun ze ginn.
D’Associatioun huet de But fir laangfristeg fir e
Schlësselspiller an deem Beräich ze ginn an och eng dreiwend
Kraaft am kulturelle Liewen vum Quartier Metzeschmelz no deem
senger Transformatioun.

Eis Invité: Do Demuth

D’Do Demuth ass e richtege Minettsdapp. Si ass zënter der
Grënnung vum Ferro Forum aktive Member am Veräin a bekëmmert sech
aktuell ëm déi kulturell a strategesch Koordinatioun. 


Am Gespréich mat der Schëfflengerin geet et ëm de Ferro Forum als
Associatioun, hiren Engagement an hir Zukunft um Site vun der
Metzeschmelz. Et geet ëm den Engagement vu Benevolen a Leit, déi
sech ewell professionell ëm de Projet këmmere kënnen.


Mir hu mat der Innenarchitektin awer och iwwert hiren Job
geschwat, iwwert hir Bünekreatiounen am Theater an iwwert de
Minett, deen dem Do wierklech um Häerz läit.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Abonnenten

Logo
"Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum"
"Minett Mash-Up: De Podcast"
15
15
00:00
00:00
"Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum"
"Minett Mash-Up: De Podcast"